GYMNK : Asterix [NES]

Asterix NES Cover

Asterix

Waat ? Jump ‘n Run
Wou ? NES
Wéini ? 1993
Vun ? Infogrames
Fir ? 1 Spiller

Wien kennt den Asterix net? Den berühmtesten vun den Gallier huet een Optrëtt op der NES deen leider e bëssi an der Unzuel vun NES Spiller ënnergaangen ass.

Zu Onrecht wéi ech fannen.

 

 

 

Ägypten

Ägypten

Spuenien

Spuenien

 

 

 

 

 

 

 

 

Asterix fir NES ass een klassescht Jump ‘n Run mat flottem an reaktiven Gameplay. D’Level sinn uspriechend an fir genuch Ofwiesselung ass och gesuergt.

Gallien

Gallien

Titel Schierm

Titel Schierm

 

Am Verglach zu aner Versiounen (Master System, Super NES) ass den Tempo een tick méi héich, wat dem Spill gutt bekënnt.

D’Musek an Sound Effekter droen och zur gudder Atmosphär vum Spill bei.

Gameplay Video :

(vun longplays.org)

Fir Fans vun :
Super Mario – Felix the Cat – The Flintstones

Mecht et Spass ?

Präis Prognose : ëm déi 5 €

Tips ‘n Tricks :

Level Select :

Während dem Spill, Start drécken fir ze pausen. Dann ↑(8x), ↓(4x), ←(2x), A ,B, →(8x), ←(4x), ↑(2x), B, A
Een Toun bestätegt den Code. Nach just op Start drécken fir rëm zeréck op den Titel Schierm ze kommen, wou elo den Cheat fräi geschalt ass.

Unbesiegbar :

Während dem Spill, Start drécken fir ze pausen. Dann ↑(8x), ↓(4x), ←(2x), A ,B, →(8x), ←(4x), ↑(2x), B, A
Een Toun bestätegt den Code. Elo gläichzäiteg ↑ → A B gedréckt halen, an Start drécken. Den Titel Schierm erschéngt. Elo eng nei Partie ufänken, Start drécken fir ze pausen. Dann ↑(8x), ↓(4x), ←(2x), A ,B, →(8x), ←(4x), ↑(2x), B, A
Een Toun bestätegt den Code. Nach just op Start drécken fir rëm zeréck an d’Spill, an elo kann een just nach duerch Lächer Liewen verléieren.

 

Leave a Reply