GYMNK : Beetle Adventure Racing [N64]

Beetle Adventure Racing Cover

Beetle Adventure Racing

Waat ? Fun racer
Wou ? N64
Wéini ? 1999
Vun ? EA
Fir ? 4 Spiller

 

 

 

Enn den 90er waren déi New Beetle vu VW immens beléift. Grond genuch fir da mol schnell een Spill eraus ze knuppe wellecht nëmmen 1(!) Auto proposéiert. Wat fir modern Verhältnisser lächerlech erschéngt huet ons awer een vun den beschte Renn Spiller fir den N64 bescheert.

Titel Schierm

Titel Schierm

Mount Mayhem

Mount Mayhem

Et gi och net allze vill Strecken, mee déi dran si hunn et u sech. Net selten dauert een Tour vun enger Streck bis zu 4-5 Minutten. An dobäi passéieren sou absurd Saachen (wei mat engem Beetle Auto iwwert een UFO Sprangen) an et ginn immens vill Saachen an Ofkierzungen z’entdecken dass et ëmmer rëm Spaass mécht fir Strecken of ze klapperen.

Jurassic Park ?

Jurassic Park ?

Multiplayer

Multiplayer

Dank dem 4 Spiller Multiplayer Mode bréngt et dësen Titel fäerdeg dass een e puer geselleg Stonne mat Kollege ka verbréngen.

Gameplay Video :

Fir Fans vun :

Mario Kart – Street Racer – Star Wars Episode 1 Racer

Präis Prognose :

zwëschen 5 an 10 € (loose)

Leave a Reply