Super Nintendo Bibel [Pix ‘n Love]

 

Vun ? Editions Pix ‘n Love
Wou ? Online Bestellung
Fir ? 49,90€

Gesamtandrock

Nodeems Pix ‘n Love scho Bibelen erausbruecht hunn fir d’PC-Engine an d’NES, ass et elo un der Zait fir Super NES. Qualitéit ass insgesamt ganz héich an et mierkt een den Auteuren un dass se sech gutt mam Material auskennen.

Den Look vun der Collector Editioun imitéiert eng Super Nintendo, et “klappt” een den Kartong op, an et kann een d’Buch aus dem Kartong eraushuelen.

An iwwert 380 Säiten gëtt een quasi alles iwwert eng vun den beschten 16Bit Konsolen gewuer. Vun den Ufäng, iwwert d’Accessoiren bis hin zu den iwwert 2000 Spiller, alles gëtt grëndlech virgestallt.

Als besonneschen Clou kann een sech een vun den matgeliwwert’en Artworks vum Kënschtler “Orioto” als “Cover” fir den Kartong auswielen.

Leider ass d’Collector Editioun net méi erhältlech, mee et gëtt nach eng Standard Versioun fir 39,90€ ze kafen.

Méi Artworks vum Orioto : http://orioto.deviantart.com/

Leave a Reply