GYMNK : Power Blade [NES]

Power Blade NES Cover

Power Blade

Waat ? Action / Platformer
Wou ? NES
Wéini ? 1991
Vun ? Taito
Fir ? 1 Spiller

Jorelaang hunn ech dëst Spill ignoréiert, haaptsächlech wéinst deem hässleche Cover. Deemools konnt ech mir einfach net virstelle wellecht Juwel hannert deem Spill mat deem bëllegen  Arnold Schwarzenegger Abklatsch Bild stécht.

 

 

Dës Ausso trëfft da wuel och op NES Spiller zou.

Kuerz nom Aschalte begréisst ee schonn den Titel Schierm mat enger super Musek. Eng Musek déi den héijen Niveau iwwert ganz d’Spill kann halen.

NES Cartouche

NES Cartouche

Titel Schierm

Titel Schierm

6 Start Levels kann een sech, wéi bei Mega Man, an enger x-beliebeger Reiefolleg auswielen. Iwwerhaapt erënnert de Gameplay un de Mega Man, ausser dass een hei keng Waffe vun den Boss Géigner kritt.

Level Select

Sewer Action

D’Levels sinn verzweigt an bidden alternativ Routë bis bei de Boss. Ënnerwee muss een awer eng Persoun fannen déi eng Code Kaart huet. Ouni dës Kaart steet een da mol virun enger zouener Boss Dier.

Power Blade NES Level

Flotten Leveldesign

Boss Fight

Boss Fight

Taito beweist mol rëm mat dësem Titel dass si zu NES Zäite wierklech ee gutt Händchen hate fir gutt Spiller eraus ze bréngen.

Gameplay Video:

Den Nofolger – originellerweis Power Blade 2 genannt, ass zwwar méi rare, mecht awer net sou vill Spaas wéi den 1ten.

Fir Fans vun :

Mega Man –  Whomp ’em

Präis Prognose :

ëm déi 5 € (loose)

Tips n’ Tricks

Easy Boss Kill

Fir Level 1 an 3. Direkt nodeems ee bei de Boss kënnt, eng Bomm zünden an d’Spill pauséieren. E puer Sekonne waarden, an d’Spill fortsetzen. Wann den Timing richteg ass, dann huet sech déi Saach mam Boss erleedegt.

Leave a Reply