Nov 05 2013

Game Boy Bibel [Pix ‘n Love]

Vun ? Editions Pix ‘n Love
Wou ? Online Bestellung
Fir ? 34,90€

Gesamtandrock

Jiddereen deen an den 80/90er grouss ginn ass hat een, den Nintendo Game Boy. Dës Bibel gëtt der Kult Konsole déi Opmierksamkeet déi se verdéngt, ass déi onscheinbar Konsole dach dofir verantwortlech dass souvill Läit haut Videosspiller daddeln.

Pix’n Love huet einfach drop, spannend Anekdote souwéi Illustratiounen aller Aart op eng flott Aart a Weis opzebereeden. Ech wousst z bsp guer net dass et souuuuuu vill verschidde Game Boy Variante ginn.

Desweidere ginn si kuerz op all (1000+) Spill an, mat engem Screenshot. Eng besser Referenz gëtt et net fir de Game Boy.

No der NES Bibel an der Super Nintendo Bibel (Ufank des Jores) hunn si elo déi Klassesch Nintendo 8/16 Bit Ära ofgedeckt. Sinn mol gespaant wat si ons an Zukunft bréngen.

 
 

Permanent link to this article: http://www.hiscorebob.lu/2013/11/game-boy-bibel-pix-n-love/

Leave a Reply

%d bloggers like this: