Dem Knéckjang säin Ambilight

Kodi mam Ambilight Plugin

Kodi mam Ambilight Plugin

Dëser Deeg am Keller ass mir eng Iddi komm fir d’Medie Erliefnis während dem Fitness Training ze verbesseren.
Mat e puer bëllege Xiaomi Yeelights hunn ech mir ee bëllegen Ambilight Upgrade fir meng Televisioun zougeluecht.

Ambilight?

Ambilight ass eng Spillerei déi vu Philipps (mengen ech mol) erfonnt gouf. Et geet drëm fir eng Hannergrond Beliichtung ze schafen deen dem Inhalt vum Bild änelt. Doduerch entsteet eng besser Immersioun, an de Kontrast mam Ëmfeld ass manner. Marketing Stratege vun Philips behaapten et géif d’Bild méi grouss maachen….kann ech awer net bestätegen. Et ass flott, mee net méi wéi eng Spillerei, also nice to have.

Wat brauch een?

  • Kodi (Software)
  • e puer RGB Yeelights
  • E27 Standardfassungen
  • Wifi Réseau
  • Plugin fir de Kodi, Yeemee
  • E bessi Tape fir daat ganzt un d’Televisoun ze tapen

Installatioun?

Den Developpeur vum Yeemee Plugin huet dat schon alles schéi propper dokumentéiert.

Kuerz resuméiert :
  1. Yeelights an de Wifi Reseau mëttels MiHome App um Smartphone ageriicht
    Yeelights hannert der Televisioun

    Net schlecht fir ee knappen Budget

  2. Yeelights mat e bessi Tape hannert der Televisioun fixéiert
  3. De Kodi mam Repository vum Yeemee Plusing erweidert
  4. De Yeemee Plugin installéiert a konfiguréiert
  5. Filmer kucken

Käschtepunkt?

Kodi ass jo Open Source, dohier falen nëmme Käschte fir d’Yeelights an d’Fassungen un.
E27 Standardfassunge kritt een fir een Apel an e Stéck Brout. D’Yeelight sinn heiansdo bei Gearbest.com fir ~14€ ze kréien
Zesummegefaasst, mat 2 Yeelights läit ee bei knapps 30€

Wéi geet et?

Kuck mol héi:

Limitatioune?

Vue que dass de Plugin vum Kodi ofhänkt kënnen nëmme Medien déi iwwert de Kodi ofgespillt dësen Ambilight aktivéieren.
Bei TV Sender déi vun enger Eltrona oder Satellitte Receiver direkt iwwert d’Televisioun gekuckt ginn, do bléift dësen Ambilight aus.

Permanent link to this article: http://www.hiscorebob.lu/2018/06/dem-kneckjang-sain-ambilight/

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

%d bloggers like this: