Antwerpen

Last Updated on Tuesday, 19 July 2011

Dësen Weekend stoung een klengen Ausfluch op Antwerpen um Programm.

Meng Cousine aus Kanada an säin Mann hun een klengen Trip duerch Europa gemaach an hier lescht Statioun waar Antwerpen, wou och eng aal Schoulfrëndin vun him wunnt.

Also hun mir eis do getraff an 2 schéiner deeg verbruecht.

Den Hilton-Hotel op der Haaptplaatz

Antwerpen un sech ass keng schéin Staad, ausser den Kär selwer, d'Fussgängerzone. Mee och do ass et net iwwerall propper, d'poubellen quellen iwwer an et läit numol e bessi dreck an de Stroossen.

Fussgängerzone , ganz schéin an wesentlech méi propper.

Et ass awer eng flott Staad fir ze shoppen, mat villen flotten Terassen an Stroossen-Animatioun. Do gin mir nach eng kéier z'réck !

E puer Museker déi op engem aale Piano Rock 'n Roll gespillt hun

Sonndes mëttes wollten mir dunn nach eng leschte kéier zesumme iessen goen, an zwar an den WAGAMAMA.

Wagamama ??? WTF ??? Nach nie héieren...kléngt irgendwéi no eppes schwéngeschem (wag-a-mama). Sie hunn eis et als "Noodle-Shop" beschriwwen, an et ass eng châine vun restauranten wéi Pizza hut an co.

Am Fong ass et wéi een Japaner, mat Spézialtéit op Nuddlen oder Räis. D'Entrée vum Restaurant huet mech un d'Kantine vum Athenée erënnert , mee d'Iessen waar wierklech, wierklech lecker !!! Schued dass mir sou een net héi am Land hun.

Héi een Extrait aus hierer Menü's-Kaart :

(Klick op Bild fir PDF)

Waat ech aus dësem Weekeng matbréngen :

  • Kanadier sin net pünktlech (RDV um 19h30, an sie kommen um20h15 wéi wann et daat normaalst vun der Welt wier...Daags drop selwecht !!!)
  • Wagamama for Luxembourg
  • Nie ouni TOMTOM op Antwerpen...do ass jo wierklech näischt beschëldert !!!
  • Antwerpen ass eng schéin a gudd Shopping Staad for him and her.
  • E paak Schokela's Knipperchen aus Kroatien, een Kado vun menger Cousine :

An zu gudder Lescht , am Flammäschen Deel hun se nach Potto'en am "Retro-Look" :

Een klengen Trip op München...

Last Updated on Tuesday, 19 July 2011

Eieiei muer den moien geet et op München fir een klengen Weekend. Mir sollen mol den läschte Match kucken goen, den Bayern hier 21t Meeschterschaft féieren an den Abschied vum Olli Kahn an Ottmar Hitzfeld.

Ech sin sou opgereegt , d'ass mir baaal schlecht. Konnt haut naischt iessen, d'Nervositéit schléit mir direktt op den Moo. Mengen et ass wéinst dem Fliiger.

Wéi géif den Kaiser soen : Schaun wer mal !

Eng kuerz Geschicht vum Fussball, Schnitzelen an Schlappen

Last Updated on Tuesday, 19 July 2011

Den Weekend zu München waar genial !

Obwuel d'Wieder-prévisiounen schlecht waaren, haaten mir den Fréiden an den Samsden praktesch nëmmen Sonn ! Jhust Sonndes huet et e bessi geschifft. Oufff...Schwein gehabt und Sau gef...t kann ech do nëmmen soen.

Freides wooren mir laang spazéieren, no etlechen Kilometeren sin mir am Engleschen Gaart geland, wou mir ons et mat engem Paulaner am Biergarten gudd goen gelooss hun.

Den Engleschen Gaart ass een riesegen Park, matzen an München mat villen flotten Plaatzen.

Freides owes ass et dun an den Paulaner im Tal gaangen, engem originalen Bayereschen Restaurant. Do kruut ech wierklech den beschten Wiener Schnitzel, an ech hun der schon eng yet giess !

Samsdes woor den Daag vum Fussball-Match, FC Bayern géint Hertha BSC Berlin.

D'Bayern haaten Meeschterschaft zwar schon intus, mee den Match waar awer eppes besonnesches : den abschied vum Olliver Kahn souwéi vum Ottmar Hitzfeld. Béid wichteg Charakteren fir den Klub goufen ënner freneteschem Beifall vun iwwer 69000 Läit verabschied. Den Match selwer waar net immens, mee d'ambiance am Stadion waar onbeschréiwlech !

Een klengen Video deen ech op menger Photkamera gemaach hun fir d'ambiance no engem Goal anzefänken :

 

Wann den Ribéry een Goal schéisst, dann spillen se d'Champs Elysées ...

Duerno gouf eng kleng Meisterschafts-feier ofgehaal, mat Bayerischen Böller an alles waat dobäi-gehéiert.

Duerno waar an der Staad der Däiwel lass. Den Marienplatz waar schwaarz vun lauter Läit, an der U-Bahn goung näischt méi !

An waat huet daat ganzt mat Schlappen ze dinn? Ma ganz einfach, um Flughafen hun ech mir Sonndes nach Croc'sen kaaf, dei ultra-gemittlech Schlappen aus Gummi.

Nach eppes zum Schluss, wéi fällt een am beschten zu München als Tourist op ? Ganz einfach, d'Weisswurst mat Roudem Wäin anstatt mat engem Bierchen zesumme genéissen :

Waat stëmmt héi net???

Places We've seen

Last Updated on Tuesday, 19 July 2011

Buy cheap web hosting service where fatcow web hosting review will give you advices and please read bluehost review for more hosting information.
Copyright © 2012 Press Start to Stop. All Rights Reserved.
Joomla! is Free Software released under the GNU General Public License.
Free Joomla Templates designed by Web Hosting Top