AppleTV + Chromecast + Steam Link = Mi Box

Säit 2011 war mäin Apple_TV (2t Generatioun) bei mir am Asaz, als Medien Zenter mat Kodi_(Software) oder fir Netflix ze kucken. Am laf vun der Zäit sinn nach ee Steam_Link (fir Spiller vum PC aus ze streamen) an ee Google Chromecast (fir Audio/Video vum Smartphone/Tablet op de Fernseher ze streamen) dobäikomm.

An der leschter Zäit huet den AppleTV ëmmer méi a méi Problemer duerchlieft; mol ass de Kodi net gestart (nach ëmmer eng al Versioun 14, mäin AppleTV gëtt net méi vu Kodi ënnerstëtzt) an den Netflix geet net méi (ze al Versioun, den TvOS gëtt net méi vun Apple ënnerstëtzt)

Et huet also missen eppes änneren. Ech hunn scho gutt Erfarunge mat Xiaomi Geräter gemaach (Zigbee Gateway, Luuchten a Smartphones), an do duecht ech mir, wann Android  op der offizieller Web Säit Reklamm mécht fir d‘Mi Box vu Xiaomi kann et net sou schlecht sinn.

Zackeg bei Gearbest.com fir ~50€ bestallt, an 10 Deeg duerno war se endlech ukomm. Tip: Einfach mol bei Dealabs.com een Promo Code oder Reklamm ofwaarden.

Këscht vun der Mi Box

Këscht vun der Mi Box

Mi Box?

D'Gréisst vun der Mi Box (vun mi.com)

D’Gréisst vun der Mi Box (vun mi.com)

Hardware

  • Opléisung: Max. 4K bei 60Biller an der Sekonn
  • CPU: Quad Core Cortex A53 2GHz
  • RAM: 2GB DDR3
  • Späicher : 8GB eMMC (erweiderbar duerch USB)
  • Connectivitéit: Wifi Dual-Band b/g/n/ac , Bluetooth 4.0
  • Video H.264 an H.265, HDR-Support
  • Sound: Dolby DTS 2.0, Dolby Digital +, max. 7.1 pass through
  • System : Android_TV
  • Uschlëss : HDMI2.0a (1x), USB 2.0 (1x) , SPDIF Out (1x 3.5mm)
Telecommande vun der Mi Box

Telecommande vun der Mi Box

Features:

  • Bluetooht Telecommande mat “Voice Search”
  • IR Receiver agebaut (fir  zbsp Logitech Harmony oder Broadlink RM)
  • Chromecast built-in
  • Netflix
  • Google Play (Video/Musek/Spiller)
  • Accès op de Google Play Store:
    • Kodi
    • Spotify
    • Steam Link
    • an an an …

Fazit

Ech si begeeschtert, wéi vun all de Xiaomi Produkter bis elo. Alles klappt wonnerbar. De Setup ass einfach wéi Bonjour, ech konnt ouni Problemer op meng Digital Inhalter (Google Play, Youtube, Netflix etc..) zougräifen. Android TV  huet mech bis elo ganz iwwerzeegt. Besonnesch d’Recherche via Stëmm. déi och Resultater vu Youtube, Netflix a souguer Kodi mat a bezitt, fält positiv op.  D’Box huet genuch Power fir Spiller wéi Asphalt Extreme flësseg duer ze stëllen. Als Controller benotzen ech den SN30 Pro vun 8Bitdo, deen iwwert Bluetooth verbonnen gëtt.  “Everything works as expected” géifen se bei der Nasa soen.

Fir de Steam Link am beschten ze benotze gëtt eng LAN Verbindung recommandéiert. D’Mi Box huet awer nëmme Wifi. Dohier hunn ech mir een Ugreen USB to  LAN Adapter (incl USB Hub) fir ~12€ bei Aliexpress bestallt. Mat dësem Adapter kann sech d’Mi Box och via Lan Kabel verbannen, a bitt zousätzlech nach 3 fräi USB Ports. Ideal fir Späichermedien (USB Sticks oder Disken) unzeschléissen. Ee quasi must-have also.

Adiós Muchachos!

Adiós Muchachos!

Mat engem Apparat hunn ech uerdentlech Plaz gemaach. D’Mi Box huet bei mir den AppleTV, de Chromecast an de Steam Link ersat. En plus manner geKabels beim Fernseher (d’Fra freet sech och.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/07/appletv-chromecast-steam-link-mi-box/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.