Lët’z Clock – Ufuerderunge vun der Stroumversuergung

Fir d’Bedreiwen vun der Lët’z Clock gëtt een USB Netzdeel benéidegt welcht 2A bei 5V liwwere kann. Also quasi all Smartphone Chargeur säit 2016.

D’Auer besteht aus engem Mikro Kontroller, deen ca. 100mA (=0,01A) Stroum verbaucht, an aus 76 RGB LED.

All LED besteht am Fong aus 3 eenzel LED (Roud, Gréng a Blo), déi jeweils bei maximaler Hellegkeet 20mA (=0,02A) verbrauchen.

Bei der Faarf Wäiss (all Faarf Kanal op maximum), a mat maximaler Hellegket benéidegt eng LED also 60mA (= 0,06A).

Wann d’Auer ageschalt gëtt, da start een Test Programm welcht all eenzel LED emol kuerz jeweils a Roud, Gréng an dann Blo uschalt.

Bei dëser Test Sequenz ergëtt sech dann follgend Ufuerderung un d’Stroumversuergung:

100mA (MikroKontroller) + (76 x 0,02A) =1,62A

Dat ass dann och schon déi héichste Ufuerderung und d’Netzdeel, während dem Betrieb ass den “schlëmmste Fall” follgend Duerstellung:

Fënnef vir Hallwer Fënnef“, op wäiss, op maximaler Hellechkeet.

Bei dëser Konstellatioun ginn insgesamt 21 LED ugeschalt. Zesummen mam MikroKontroller muss dann Stroumversuergung

100mA (MikroKontroller) + (21 x 0,06A) =1,36A

liwweren.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2023/07/letz-clock-ufuerderunge-vun-der-stroumversuergung/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.