Amp oder DAC? Low-cost Spotify & Internet Radio

Doheem huet een ëmmer do wou een sech am meeschten ophält de schlechtste Radio Empfang. An mengem Fall ass dat d’Kichen. Beim Raume vum Keller hunn ech aalt Geschir erëmfonnt, méi konkret e puer al Lautsprecher vun enger aler Stereo-Anlage. Déi missten dach nach iergendwéi ze gebrauche sinn oder?

Doropshi mol kuerz de Raspberry Pi Zero W (deen un sech fir eppes anescht geduecht war) zweckentfriemt, an ee Mini Internet Radio / Spotify Player mëttels Volumio gebastelt.

Problem beim Raspberry Pi ass de schlechten Audio-Ausgang (wann en iwwerhaapt een huet, net sou wéi de Pi 0), do kann een entweder een DAC oder AMP Zousazapparat benotze welch d’Audio Qualitéit enorm verbesseren. DAC steet fir Digital Analog Converter. Den Amp ass een Amplifier, d.h. dee verstäerkt zousätzlech nach d’Audio Signal. (Ee Muss falls ee Passiv Lautsprecher bedreift) 

Ech hunn der 2 heiheem fir ze testen, 1 HiFiBerry DAC+ Zero an 1 Justboom Amp Zero.

Aktiv / Passiv Lautsprecher?

Aktiv Lautsprecher hunn een eegent Netzdeel, an dësem Fall geet et duer fir een DAC  zesumme mam Raspberry ze benotzen.

Passiv Lautsprecher hunn keen Netzdeel a musse vum Audio-System alimentéiert ginn. Klassesch Stereo-Anlage komme meeschtens mat  Passiv Lautsprecher. D’Maximal Leeschtung vum Verstäerker (AMP) sollt deene  vum Lautsprecher entsprieche fir d’Lautsprecher net ze beschiedege wann een se mol op 11 opdréint. Och d’Impedanz ass wichteg, mee déi meescht Verstäerker souwéi de Justboom gi mat Impedanze vu 4 bis 8 eens.

Volumio?

Volumio am WebBrowser
Volumio am WebBrowser

Volumio ass ee System speziell entwéckelt fir Musek op klengen EeplatinenComputer wéi de Raspberry Pi ze lauschteren. Et ginn eng Rëtsch vu Plugins, sou wéi zum Beispill fir Musek vu Spotify aus kënnen ze streamen.

Käschtepunkt

Präisser ermëttelt via reichelt.de (stand: Oktober 2018)

Aktiv Lautsprecher
(HifiBerry DAC Zero +)
Passiv Lautsprecher
(JustBoom AMP Zero)
Raspberry Pi Zero W15,50€15,50€
Micro SD 16GB Class 109€9€
JustBoom AMP Zero27,95€
HifiBerry DAC+ Zero  17,9017,90€
Netzdeel11,70€18,49€
optional: Gehais13,35€14,95€
Total 67,45€ (mat Gehais)
54,10€ (ouni Gehais)
85,89€ (mat Gehais)
70,94€ (ouni Gehais)

Meng Erfarungen:

Raspberry Pi Zero W mam Justboom Amp Zero

Insgesamt mécht de Justboom Amp Zero  dee besseren Androck fir mech mat mengen passiven Lautsprecher. Volumio funktionéiert wéi virgesinn, an ass einfach wéi Bonjour an der Benotzung.

Volumio op engem Raspberry Pi Zero W ass eng wierklech gelonge Kombinatioun, falls een nach (gutt) Lautsprecher doheem huet. Falls ee bereed ass 100€ méi z’investéieren ass ee villäicht awer mat enger Sonos Play:1  besser drun, well déi einfach gudde Sound hunn fir dee Präis (ca 170€)

Obwuel Volumio Open-Source ass hun ech mir d’App fir de Smartphone fir 2,29€ kaaf, fir den Développement vum Produit z’ennerstëtze.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/10/amp-oder-dac-low-cost-spotify-internet-radio/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.