Klassesche Luuchteschalter Smart maache mat engem Shelly1 Module ënnert dem Schalter

Shelly1 ? Wat ass daat?

Ee Shelly1 ass een IOT Module vum Hiersteller Allterco Electronics (gëtt an der EU hiergestallt). Dëse Module ass quasi ee Relais deen iwwert een IP-Reseau (LAN) gesteiert gëtt. Et erlaabt et zum Beispill Luuchten oder Steckdouse bis eng maximal Laascht vun 3500W ze schalten. 

Shelly1 Modul
Shelly1 Modul

Duerch seng geréng Gréisst ass en ideal fir an eng Unterputz Dous ënnert engem Schalter (d’original Funktioun vum Schalter bléift dobäi erhalen.)

Desweideren kann een se mat der Firmware Tasmota flashe fir 100% Kontrolle iwwert de Module ze hunn. Et ass also keng Cloud Verbindung méiglech, alles funktionéiert lokal iwwert MQTT. 

Shelly1 uschléissen

De Shelly1 ass un sech einfach unzeschléissen. Den ale Schalter stéiert net méi d’Luucht, mee de Shelly1 Module. Dowéinst brauch de Shelly1 eng permanent Phase op L (fir sech selwer) souwéi op I fir den Ausgang ze schalten, entweder per Schalter via SW oder per Reseau/App.

Opgepasst! D’Sicherung sollt op jiddwerfalls ausgeschalt ginn ier een ufänkt! Et besteet soss Liewensgefor!


O: Ausgung zur Luucht  (Output)
I: Permanent Phase (Input)
SW: Geschalten Phase (Ausgang Schalter)
L: Permanent Phase
N: Neutral

Keng Plaz an der Dous

Lo hat ech de Problem an der Kichen fir meng Luuchten dass déi eng Dous vum Schalter och gläichzäiteg Verdeeler ass fir d’Steckdousen niewendrun. 3 Kabelen zesumme mat de Wago Klemmen hunn net allze vill Platz gelooss fir nach ee Shelly1 Module.

De Schalter ass relativ déck an huet vill Platz verschwënnt, et huet also missen eng Alternativ hier.

Schalter ersetzen

Viraussetzung fir den neie Schalter ass dass een sou flaach wéi méiglech ass fir nach sou vill wéi méiglech Platz an der Dous ze loossen. Am Cactus Hobby hunn ech “the” Schalter fonnt; ee Primaluxe vun der Marque REV.

Deen huet nach 2 Plastik’s Zipe lénks a riets, déi kann een nach ewech feilen / dremele fir nach e puer mm ze gewannen:

Passt perfekt! 

MQTT Konfiguratioun

Mat der läschter Firmware Versioun ënnerstëtzt den Shelly och lokalen MQTT “out-of-the-box”. Well ech awer schon op all mengen Sonoff Apparater Tasmota installéiert hun war d’Wiel schnell getraff. D’Installatioun vum Tasmota ass gudd op der Wiki vum Projet beschriwwen.

Am Home Assistant dann einfach een MQTT Switch définéiert:

- platform: mqtt
  name: "Shelly1-1"
  command_topic: cmnd/shelly1-1/POWER
  availability_topic: "tele/shelly1-1/LWT"
  state_topic: "stat/shelly1-1/POWER"
  retain: "true"
  payload_available: "Online"
  payload_not_available: "Offline"
  payload_on: "ON"
  payload_off: "OFF"

Voilà, elo hunn mir aus engem klassesche Luuchteschalter ee Smarte gemaach. D’Luucht ka weiderhi per Schalter Un an Aus geschalt ginn, souwéi via App um Handy (oder Automatisatioune mam Home Assistant)

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/12/klassesche-luuchteschalter-smart-maache-mat-engem-shelly1-module-ennert-dem-schalter/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.