Garage mam Auto opmaachen

Domatt d'Garage opmaachen?

Domatt d’Garage opmaachen?

Firwaat?

De Goal vun all Automatisatioun ass et fir Ofleef déi ee reegelméisseg widderhëlt vu Maschinne maachen ze loossen.  Een Oflaf dee mech all Dag nervt ass d’Garage opzemaachen:
  1. Mam Auto an der Afaart stoen ze bleiwen
  2. De Garagen Ëffner ze sichen
  3. Fluche wann deen Dreck’s Ëffner mol erëm ënnert de Sëtz fält
  4. Waarde bis d’Garage op ass

Waat brauche mir?

Fir dass alles klappt, brauche mir:
  • Wifi Empfang (bis bei de Motor vun der Garagëpaart an d’Afaart)
    Wemos-D1-Mini

    Sou grouss ass een D1 Mini

  • USB am Auto (kann och 12V Adapter sin)
  • Ee Module deen de Motor vun der Paart steiert. Dat kann zum  Beispill een Sonoff SV sinn. Ech hunn mech fir den Opengarage entscheet, dee bitt nach zousätzlech Distanz Moosser un. (Praktesch fir ze moossen op d’Garage eidel ass)
  • Home Assistant mat engem MQTT Broker
  • Wemos D1 Mini als “Schlëssel” fir an den Auto

Wei geet et?

  1. Auto mam D1 Mini fiert an d’Afaart
    OpenGarage Module nieft der Garagen Schinn montéiert

    OpenGarage Module nieft der Garagen Schinn montéiert

  2. D1 Mini verbënnt sech mam Wifi
  3. De Programm am D1 Mini schéckt ee MQTT Message un de Broker
  4. Dëse Message aktivéiert ee Sensor am Home Assistant
  5. Dëse Sensor aktivéiert eng Automatisatioun déi ee Befeel “Open Garage” un d’Stéierung vum Garagë Motor weiderleet.

Programm

De Programm fir den D1 Mini hunn ech op Github fonnt, den ADERUSHA huet sech d’Méi gemaach dat alles propper ze dokumentéieren Hei de Code fir de Programm via Arduino-IDE ze compiléieren: https://github.com/aderusha/MQTTCarPresence/blob/master/MQTTCarPresence/MQTTCarPresence.ino

MQTT Broker

Als MQTT Broker benotzen ech de Mosquitto, dee leeft um selwechte Raspberry Pi wéi den Home Assistant.  Hei d’Konfig vum Broker (anonymous user ass aus, et muss een sech mat user/passwuert aloggen)
#/etc/mosquitto/mosquitto.conf 
# A full description of the configuration file is at
# /usr/share/doc/mosquitto/examples/mosquitto.conf.example

pid_file /var/run/mosquitto.pid

persistence true
persistence_location /var/lib/mosquitto/

log_dest file /var/log/mosquitto/mosquitto.log

allow_anonymous false
password_file /etc/mosquitto/pwfile
listener 1883

Home Assistant

Hei d’Konfig vum Home Assistant, Auszuch aus der configuration.yaml:
mqtt:
  discovery: true
  discovery_prefix: homeassistant
  broker: 127.0.0.1
  username: !secret mqtt_user
  password: !secret mqtt_password
D’Automatisatioun setzt sech aus engem Ausléiser (On/Off Sensor welche vun de MQTT Messagë gespeist gëtt) an enger Aktioun (Service cover.open_cover opruffe mat der Entitéit vun der Stéierung vum Motor)
Automation am Home Assistant

Automation am Home Assistant

Wann ech lo mam Auto bäifueren, dann geht direkt d’Garage op, wonnerbar!  

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/08/garage-mam-auto-opmaachen/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.