Sonos mam Google Assistant stéieren via Home Assistant

Sonos ass un sech eng super Saach, einfach ageriicht, einfach ze gebrauchen an e gudde Sound, just blöd dass et fir de Moment just eng Integratioun fir Amazon Echo  gëtt, a keng fir Google Assistant. De Sonos kann een  also nëmme via Alexa (Amazon) mat der Stëmm stéieren (“Alexa, spill AC/DC um Sonos”). Google User mat hirem “OK Google / Hey Google” waarden op déi versprachen Integratioun, welch laut Sonos nach 2018 erauskomme soll.

Lo ass et awer sou dass et mam Google Assistant guer net geet. An dësem Artikel erklären ech wéi ech bei mir doheem e puer Radio Sender an Albume vum Sonos via Google Assistant stéieren.

An dat ouni Cloud Servicer wéi IFTT oder Yonomi ze benotzen, nëmme Cloud Servicer vu Google sinn néideg (logesch, ouni déi jo och kee Google Assistant)

Hei kënnt den Home Assistant an d’Spill.  Ee kuerze Resumé vun den eenzelen Etappen:

  1. Radio Sender / Albumen / Playlists an der Sonos App bei “My Sonos” dobäisetzen
  2. Am Home Assistant de Sonos als Media Komponente dobäisetzen, d’Radio Sender /Albumen / Playlists vun “My Sonos” kënnen als Sourcen ugesteiert gin am Home Assistant
  3. Pro Entrée vun “My Sonos” een entspriechende Skript erstellen
  4. All eenzele Skript dem Google Assistant zur Vergügung stellen
  5. A Google Assistant just nach ee Link (Shortcut/Verknüpfung) op  all eenzele Skript definéiere

 

Radio Sender / Albumen / Playlists an der Sonos App bei “My Sonos” dobäisetzen

Sou gesäit et bei mir aus: 1-2 Albumen, 1 Playlist an e puer Radio Sender (net um Screenshot ze gesinn):

My Sonos - Android App

My Sonos – Android App

Home Assistant

Am Home Assistant op “Astellungen“, dann op “Integrations” klicken. Do einfach bei Sonos” “Configure” klicken:

Home Assistant - Integratiounen konfiguréieren

Home Assistant – Integratiounen konfiguréieren

No enger Zäitchen sollt een Media Player mam Numm (deen an der Sonos App  ageriicht gouf) optauchen ( z. bsp.  media_player.sonos_living)

Mir brauchen d’entity_id vum Sonos, déi fënnt een an den Entwécklungsgeschir -> ZoustännDeveloper Tools -> States)

Home Assistant - Entity_id vum Mediaplayer fannen

Home Assistant – Entity_id vum Mediaplayer fannen

An dësem Beispill ass d’entity_id media_player.wohnzimmer_3

An den Quellen vum Mediaplayer fënnt een déiselwecht wéi an der Sonos App erëm, gutt ze gesinn wann een d’Mediaplayer regroupéiert huet (via groups.yaml):

Home Assistant - Lëscht vun den Quellen

Home Assistant – Lëscht vun den Quellen

D’Nimm vun de Quellen entspriechen den Nimm vun der Sonos App!

Skript

Den Skript am Home Assistant ass relativ simpel, et gëtt einfach den Service media_player.select_source  opgeruff:

Home Assistant - Skript fir Sonos mat enger Quelle z'aktivéieren

Home Assistant – Skript fir Sonos mat enger Quelle z’aktivéieren

Et ass wichteg den richtegen Media Player auszewielen, (entity_id) an d’Valeur vum “source” muss genau sou sinn wéi se an der Sonos App heescht.

An dësem Beispill heescht de Skript “Google VA – Play Eldoradio on Sonos“, de Service “media_player.select_source” gëtt mat de Parameter “Media_player.wohnzimmer_3” (mäin Sonos) an “Eldoradio 105.0 (top 40/Pop)” opgeruff.

Skript publizéieren

Fir de Skript dem Google Home zur Verfügung ze stelle musse mir fir d’éischt mol seng ID kennen. Dofir an  “Entwécklungsgeschir -> Zoustänn”Developer Tools -> States) goen, an nom Skript sichen:

Home Assistant - Skript ID fannen

Home Assistant – Skript ID fannen

An dësem Fall ass d’ID vum Skript “script.1531510062722

Google Assistant Verknüpfen

An der Konfiguration vum Home Assistant muss all eenzele Skript exposéiert ginn :

(Auszuch vu configuration.yaml)

google_assistant:
project_id: !secret ga_project_id
client_id: !secret ga_client_id
access_token: !secret ga_access_token
agent_user_id: !secret ga_agent_user_id
api_key: !secret ga_api_key
expose_by_default: true
exposed_domains:
- switch
- light
- climate
- cover
entity_config:
<strong>script.1531510062722</strong>:
name: Play Eldoradio on Sonos
expose: true
<strong>script.1531510114567</strong>:
name: Play Classic21 on Sonos
expose: true
<strong>script.1531510153808</strong>:
name: Play RTL on Sonos
expose: true

Lo ass et un der Zäit fir Home Assistant frësch ze starten. Nodeems dat geschitt ass kann de Google Assistant (no enger Synchronisatioun) déi néi Skripten entdecken an zur Smarthome Stéierung dobäisëtzen.

Google Assistant (Android) - Smarthome Stéierung

Google Assistant (Android) – Smarthome Stéierung

Well awer de Saatz “aktiviere Play Eldoradio on Sonos” einfach ëmständlech ass an iwwerhaapt zimlech schäiss kléngt ass et sënnvoll nach “Shortcuts” oder “Verknüpfungen” dobäi ze setzen.

Beispill :

Google Assistant (Android) - Personaliséiert Sätz définéieren

Google Assistant (Android) – Personaliséiert Sätz définéieren

An dësem Fall reagéiert Google Assistant entweder op “Spiele Eldoradio auf Sonos”, oder “Spill Eldoradio op Sonos”

Fir weider Iddien oder Hëllef zum Home Assistant kuckt w.e.g meng aner Artikelen, oder hannerloosst mir ee Kommentar hei ënnen.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/07/sonos-mam-google-assistant-steieren-via-home-assistant/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.