BtiCino Intercom + Shelly Uni plus = Smart Schell

Mir hunn doheem een +15 Joer alen Intercom System vun der italienescher Firma BtiCino. Et huet mech ëmmer gestéiert dass dëst een “Closed” System ass. Säit ech mam Home Assistant ugefaang hunn war et een Ziel fir dësen BtiCino System an den Home Assistant z’integréieren. Dëse Projet ass ëmmer no ënne gerëtscht, bis ech viru kuerzem e puer mol e puer Schëllen net matkritt hun, entweder well ech am Keller oder am Gaart war.

Dat sollt sech elo änneren.

Zwar ginn et “Internet Moduler” fir den BtiCIno System, dës sinn awer extrem deier (iwwert 360€ ouni Installatioun / Programmatioun). Dat war mir wierklech net derwäert. En plus funktionéier et “anscheinend” nëmmen mat der BtiCino Cloud, et ass néirens garantéiert dass et och lokal mam Home Assistant funktionéiert. (Kann, muss awer net)

De BtiCino System ass bus-baséiert. Alles leeft iwwer 2 Dréit, Spannungsversuergung vun 28V DC (Transformator ass am Sécherungs Schaf), souwéi Bild an Toun. Net grad déi bescht Viraus-setzungen fir do ee Signal ofzegräifen.

Einfachste Wee ass also versichen ze detektéieren wann d’Schell schëllt, da muss iergendwou kuerz-zäiteg eng Spannung oder eng Ännerung an engem Potential optauchen.

Dat ass quasi den optimale Asatz fir een Shelly Uni oder Shelly Uni plus.

Shelly Uni Plus

Dëse ka mat verschidde Voltage bedriwwe ginn: 8-24 VAC, 9-28 VDC an 5 VDC

Bingo! Laut Transformator wees ech dass iergendwou 28VDC um BtiCino ukommen, freet sech just nach wou eng Spannung ännert wann een un der Dier schëllt.

Dokumentatioun vun BtiCino war och net ganz hëllefräich:

Net immens hëllefräich

“Klemme für zusätzliche Stromversorgung” – Do kréien ech déi 28VDC fir den Shelly hier.

Hmmm , “Anschlussklemmen für zusätzliche Funktionen” kléngt mol interessant. Also Multimeter raus, an effektiv, do fënnt een eng Spannung vu ~1.6V déi bis op 12V eropgeht soubal et schëllt.

Dat war méi einfach wéi geduecht.

Esou muss den Shelly Uni plus verbonne ginn:

Just 4 Kabel si néideg.

Nodeems den Shelly mam Wifi verbonnen ass, huet den Home Assistant en och direkt erkannt.

Elo muss just nach den “Analog IN” Sensor am Shelly Interface aktivéiert ginn, dësen ass par défaut net aktiv.

Dofir am Web Interface vum Shelly Uni op “Peripherals” goen, an do op “+” klicken

Shelly Uni Plus Web Interface

Analog Input” auswielen an dësem dann een Numm définéieren.

Analog Sensor aktivéieren

De Sensor gëtt da mat engem Wäert ugewisen, hei zum Beispill mat 10%

Sensor erkannt an Wäert gemooss

Dësen “neien” Sensor ass dann och direkt an der Home Assistant Integratioun erkannt an dobäigesat ginn:

Yes! Analog Input erkannt.

Am Home Assistant gesäit een dass de Sensor bei onegféier 10% bléift, a wann geschëllt gët, geht dësen bis op 40% erop.

Beim “schëllen” geht de Wäert bis op 40% erop

Elo kann dësen Sensor als Ausléiser fir eng Automatisme ausgewielt ginn, z.bsp wann de Wäert iwwert 20% geht:

Ausléiser vum Automatismus am Home Assistant

Elo schéckt onsen “Armando” (Home Assistant mat der männlecher italienescher Stëmm) elo eng Norricht un all Lautsprecher, Handy /Tablet a schalt d’Luuchten op “Roud / Blo Police Effekt wann et un der Dier schëllt.

Beispill:

Den Armando an Aktioun.

Fazit: Et huet mech schlussendlech just 1-2 Stonnen souwéi +-20€ kascht fir dat ganzt en place ze setzen. Wesentlech méi einfach wéi geduecht. Wéi ëmmer mam Home Assistant!

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2024/03/bticino-intercom-shelly-uni-plus-smart-schell/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.