Den D1 Mini Kraken – een Allzweck Sensor

Den D1 Mini Kraken

Mam erschénge vun den ESP8266 baséierten IoT  Apparater boomt de Marché mat den DIY Sensoren. D’Sensore kritt ee quasi fir e puer Cent, a quasi all Beräich ass ofgedeckt fir den Hausgebrauch.

Kombinéiert mat der Firmware “Tasmota” erlaabt et engem einfach an ouni grousse Käschtepunkt ee Sensor hierzestellen. 

Den D1 Mini vu Wemos ass ee vun dësen ESP8266 baséierten IOT Apparater a stellt 1 IO (Input/Output) pins zur Verfügung déi ee gläichzäiteg benotze kann.

An dësem Projet hunn ech 4 Sensoren un engem D1 Mini a Betrib:

D’Bild wat sech ergëtt wann alles ugeschloss ass huet mech un een Tëntefësch erënnert, dohier de Projet’s Numm Kraken

D1 Mini mat 4 Sensoren

Waat brauch een?

Hardware

All dëst Material fënnt e bëlleg op eBay a bei Aliexpress, oder wann et sollt méi schnell sinn (an deementspriechend och e bëssi méi Kaschten) bei makershop.de

Software

  • Tasmota Firmware
  • MQTT Broker fir Donnéeë vun de Sensor z’empfänken
  • Eng Arduino IDE fir den Tasmota opzespillen
  • E Browser 😉

Fir d’Installatioun an d’Konfiguratioun vum Tasmota kann een nëmmen op den exzellenten Wiki vum Projet verweisen.

Am Beispill hei uewen :

  • Counter (67 Impulser) = Waasserzoufloss (450 Impulser = 1L)
  • DHT11 = Temperatur & Loftfiichtegkeet
  • SR04= Distanz an cm
  • OFF = Keng Beweegung registréiert.

An dann?

Vue que dass Tasmota alles un een MQTT Broker schéckt stinn engem vill Méiglechkeeten zur Verfügung. Den Home Assistant zum Beispill visualiséiert d’Temperaturen vun engem DHT11 Modul wéi follegt:

- platform: mqtt
  state_topic: 'tele/garage/SENSOR'
  availability_topic: 'tele/garage/LWT'
  payload_available: Online
  payload_not_available: Offline
  name: 'Garage Temperature'
  unit_of_measurement: '°C'
  value_template: '{{ value_json.DHT11.Temperature }}'
  device_class: temperature
  force_update: true

Et kann een och ee MQTT Client fir de Smartphone benotze fir sech d’Wäerter vun de Sensoren uweisen ze loossen:

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/10/den-d1-mini-kraken-een-allzweck-sensor/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.