Ferngesteiert Steckdous quasi Smart maache mat enger Wifi 433MHz Bréck

Ferngesteiert Steckdous?

Stënknormal Ferngesteiert Steckdous.
Stënknormal Ferngesteiert Steckdous.

Eng einfach Steckdous déi mat enger Telecommande zesumme fir en puer € am Baumaart ze kafe kritt. D’Signal vun der Telecommande (un oder aus) gëtt via 433MHz Signal iwwerdroe.

Bréck?

Sonoff RF Bridge
Sonoff RF Bridge

Fir dass onse Smart Home solch 433MHz Signaler ka verschécke brauche mir eng Bréck, oder méi einfach ausgedréckt: ee Wifi-to-433MHz Adapter. Ech hunn mir dee vu Sonoff geholl, aus dem einfache Gronn dass een TASMOTA kann drop “installéieren“, fir ee lokalen, cloud-freie Gebrauch.

Quasi Smart?

Den Nodeel vun de 433MHz Steckdousen ass de Fait dass déi keng Méiglechkeet hunn hiren aktuelle Status (un oder aus, oder “OK, hunn et kritt an schalten”) matzedeelen. De Code gëtt also “auf Gut Glück” geschéckt. (Fire and Forget) 

Dat huet zur Folge dass all Automatioun mat enger Konditioun op déi Steckdousen (Beispill: Schalt d’Steckdous nëmmen aus falls se och wierklech un ass) net kënnen zouverlässeg funktionéieren. Richteg “Smart” ginn se dohier net wierklech…

Den Home Assistant weist déi dann deementspriechend och net wéi ee Schalter un, mee als Entitéit mat 2 verschidden Aktiounen , eng fir un ( ) an eng fir aus ( ).

D'Steckdouse kann iwwert den Home Assistant gesteiert ginn.
D’Steckdouse kann iwwert den Home Assistant gesteiert ginn.

RF Code léieren

Dëst ass den einfachen Deel. Fir d’éischt mol sech op d’Console vum Tasmota verbannen deen op der Bréck leeft.

Duerno einfach op der Télécommande vun der Steckdous de Knäppchen fir “Un” drécken.

An der Console vum Tasmota erschéngt folgendes:

{"RfReceived":{"Sync":8970,"Low":300,"High":870,"Data":"0414025","RfKey":"None"}}

“Data”:”0414025″ ass de Code deen ons interesséiert. Deen brauche mir spéiderhinn, dowéinst ass et sënnvoll deen mol an eng Text Datei ze kopéieren.

Dat selwecht widderhëllt ee mam “Aus” Knäppchen

RF Code via MQTT schécken

Fir dass d’Bréck elo dee Code schéckt, muss een einfach de Code vu virdrun op ee MQTT Topic vum Tasmota publizéieren. De korrekten Topic fënnt en an der Info Säit vun Tasmota, ënner “MQTT Full Topic”:

Tasmota Info Säit
Tasmota Info Säit

An dësem Beispill ass den MQTT Full Topic cmnd/rf433bridge

Tasmota erlaabt et hex. Codes als Payload un den /rfcode Sub-Topic ze publizéieren. Den kompletten MQTT Topic ass also:

cmnd/rf433bridge/rfcode

An dësem Fall ass de Payload fir unzeschalten #0414025 . “#” ass immens wichteg well den Code hexadezimal virläit. 

Home Assistant

Am Home Assistant gëtt einfach een MQTT Switch définéiert:

- platform: mqtt
  name: "RFPlug-1"
  command_topic: cmnd/rf433bridge/rfcode
  availability_topic: "tele/rf433bridge/LWT"
  payload_available: "Online"
  payload_not_available: "Offline"
  payload_on: "#0414025"
  payload_off: "#0414026"
  optimistic: true

No engem restart vum Home Assistant steht den Schalter mat der Entitéit “switch.rfplug-1” zur Verfügung:

D'Steckdouse kann iwwert den Home Assistant gestéiert ginn.
D’Steckdouse kann iwwert den Home Assistant gestéiert ginn.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/12/ferngesteiert-steckdous-quasi-smart-maache-mat-enger-wifi-433mhz-breck/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.