Nei Generatioun vu Mikrokontroller fir d’Lët’z Clock

Lët’z Clock funktionéiert elo schon 2 Joer mat engem ESP8266 Mikrokontroller. Zäit fir een Upgrade.

Mëttlerweil si méi perfomant (a méi kleng) Mikrokontroller um Marché. Besonnesch déi “Xiao” Gamme vun Seeed Studio si mir an der Läscht positiv opgefall. Dës sinn immens kleng a bidden trotzdem een USB-C Port un. Et gëtt se a verschidde Varianten, mat ESP32-S3 an ESP32-C3 ënner aanerem.

Neie Seeed Studio Xiao ESP32-S3 (lënks) géint alen ESP8266-12F (riets)

  • Méi kleng
  • Integréierten USB-C Uschloss fir 5V Stroumversuergung (mat Data Pins)
  • Kann direkt iwwert den USB-C programméiert ginn
  • Méi Performant niveau Prozessor an Späicher

Den ESP Code fir d’Lët’z Clock konnt no e puer Ännerungen op een ESP32-S3 programméiert ginn.

Lët’z Clock leeft mam neie Seeed Studio Xiao ESP32-S3

Déi éischt Auer leeft schon am Test mam neien Mikrokontroller:

No Usiicht vum Seeed Studio Xiao ESP32-S3 am lafende Betriib

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2024/03/nei-generatioun-vu-mikrokontroller-fir-dletz-clock/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.