Smarte Toilettëpabeier Stänner mat Alerte

Wien huet et net schon erlieft, den Toilette gang an dann zum Schluss feststellen dass kee Toilettëpabeier méi do ass?

Virun enger Zäit hat ech schon versicht dëse Problem ze léisen, mat engem DIY Toillettëpabeier Stänner deen mëttels enger “Loadcell” d’Gewiicht vun dem ganzen ermëttelt. Fällt d’Gewiicht ënnert de Wäert vum Stänner, dann sollt eng Notifikatioun geschéckt ginn.

Load Cell fir max. 1 Kg. (Source: Aliexpress.com)

Leider war d’Ëmsetzung vun dëser Iddi schwéier ëmsetzbar, zevill potentiell Feelerquellen, an d’Integratioun vun enger Loadcell an ee Stänner war eng wackeleg Affär.

Iergendwann koum mir dunn eng méi einfach an zouverlässeg Léisung an de Sënn. Een Distanz Sensor zesumme mat engem ESP Kontroller am Schaft vum Stänner deen erfaast op nach eng Rulle do ass oder net.

HC-SR04 Distanz Sensor (Source: esphome.io)

Problem ass, dofir muss ee Pabeier Stänner vu Grond op op d’Mooss designed an 3D-geprint ginn.

Design am FreeCAD

No etleche Stonne gestalten am FreeCAD an 3D-Printe dunn endlech den 1te Prototyp:

Als Software um ESP Kontroller kënnt natierlech ESPHome zum Asatz, de Code ass relativ simpel:

<code>sensor:
  - platform: ultrasonic
    trigger_pin: GPIO015
    echo_pin: GPIO016
    name: "Distanz"
    id: distance
    unit_of_measurement: cm
    filters:
      - multiply: 100  # Konversioun M op cm
    accuracy_decimals: 0
    update_interval: 3s
    timeout: 0.75m
number:
  - platform: template
    id: sensitivity
    name: "Kalibratioun"
    optimistic: true
    restore_value: true
    min_value: 1
    max_value: 9
    initial_value: 6
    unit_of_measurement: "cm"
    step: 1
 
      
binary_sensor:
  - platform: template
    name: "Sensor fir Home Assistant Alerte"
    id: toilet_paper_roll
    lambda: |-
        if (id(distance).state &lt; (id(sensitivity).state)) {
          id(rull_status).publish_state("Nach op manst 1 Rulle do");
          return false;
        } else {
          id(rull_status).publish_state("Keng Rulle méi do");
          return true;
        }
text_sensor:
 - platform: template
   id: rull_status
   name: "Status"
</code>

Test vum Prototyp mat Alerte am Home Assistant:

Funktiouns Test mam Prototype

Home Assistant Alerte

Fir d’Alerte am Home Assistant benotzen ech eng “Custom Card” :

Déi ass immens flexibel a bidd vill Optiounen un.

<code>type: custom:alert-ticker-card
cycle_animation: fold
swipe_to_snooze: true
clear_badge_label: Nix ze melle
overlay_mode: false
cycle_interval: 3
show_when_clear: true
clear_message: Alles Gutt!
clear_theme: check
alerts:
  - operator: "="
    state: "on"
    message: Läscht Rull!
    priority: 1
    theme: caution
    icon: mdi:paper-roll
    name: Toilette Pabéier Eenzel Toilette
    entity_filter: binary_sensor.toilette_rulle_sensor_fir_home_assistant
    show_filter_name: false
    use_ha_icon: true
    badge_label: Opgepasst!
    secondary_text: Eenzel Toilette</code>

Finale Design

Wéi ëmmer ass den Design vum Protoype feelerhaft, et hu misse kleng Ännerunge gemaach ginn, haaptsächlech wéinst dem “%&@ Knickschutz vum USB Kabel.

Re-Design vun der Basis mam Kontroller an der Mëtt.

De Stänner besteet aus (op manst) enger Basis, 1 Sensor Deel souwéi 1 End Stop. Optionell kann eng oder méi Extensioun(e) benotzt gi fir méi Rullen drop ze kréien.

De Sensor Deel gëtt mat 4 M3 Schrauwen un d’Basis fest gemaach, woubäi 2 Schrauwe locker duerginn.

  • 3x M3 *16
  • 1x M3 *12

Opgepasst: 1 Schrauf ass liicht méi kuerz wéi déi aner 3, soss stéisst se mam ESP Kontroller zesummen.

Downloads

Esphome Code:

FreeCAD Design:

Vill Spaass beim nobauen!

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2026/05/smarte-toilettepabeier-stanner-mat-alerte/

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.