Wiesou?
Ech sin iwwer Github op eng Iddi gestouss, do huet een een Keypad Kontroller op Basis vun engem ESP32 gebaut fir den Suivi vum Nieren an Pamaperswiessel vun sengen Neigebuerene Zwillingen ze maachen.
https://github.com/drpeppershaker/ESP32_keypad
Do duecht ech mir, dat kanns du och gudd nobauen an als Fernsteierung fir heefeg Aktiounen am Télétravail.
Read more: Dem Knéckjang seng Home Office FernsteierungMat dëser Fernsteierung kann ech:
- Rollueden op resp. zoumaachen
- Luucht un an aus schalten
- Lautstärk vun engem Mediespiller veränneren
- Verschidde Web Radio ofspillen
- Verschidde Spotify Playlëschten ofspillen
- Medie pauséieren
An dat alles mat 8 Knäpp!
Wat stécht dran?
Dat ganzt besteht aus engem Raspberry Pi Pico W Mikro Kontroller, mat 8 Taster vun enger Computer Tastatur.
Zousätzlech sin nach 16 RGB LED verbaut fir eng Hannergrond Beliichtung.
Als Software leeft eng ESPHome Firmware, an déi eenzel Tasten Aktiounen gi vun engem Home Assistant gesteiert.
Wéi funktionéiert dat?
Ee Video seet mei aus wéi dausend wierder:
Rezent Kommentare