Wäschmaschinn / Trockner iwwerwaache mat Notifikatioun wa se fäerdeg sinn

Géi mol an de Keller kucken op d’Wäsch fäerdeg ass…

Meng Fra

Wéi oft huet meng Fra mech dat gefrot, an ech sinn dann och nach an de Keller gaang fir dann festzestellen dass d’Maschinn nach 5 Minutten brauch. Dat kann een dach iergendwéi “Smart” maachen, fir dass d’Maschinnen ons matdeelen wann sie fäerdeg sinn.

An dësem Artikel erklären ech wéi ech dëse “Problem” geléist hunn.

Meng Iwwerleeung war dass wann d’Maschinnen eng bestëmmten Energie verbrauchen, dass se dann u sinn. Folglecherweis, wann d’Maschinnen keng Energie méi verbrauchen, si se fäerdeg.

Wéi mossen?

Et gi jo eng helle wull un Smarte Steckdouse déi d’Energie mossen. Ech hu selwer 2 WiFi Steckdouse vun TP-Link (HS-110) am Asaatz déi dëst kënnen. Fir dëse Projet wollt ech awer keng WiFi Steckdous verwenden, mee eng déi de ZigBee Protokoll ënnerstëtzt.

Wiesou Zigbee?

Éischtens sollt d benotzte Protokoll net ofhängeg sinn. Bei engem restart vum WiFi kéint eng Wifi Steckdous sech kuerz aus- an rëm uschalten. Bei der Wäschmaschinn / Trockner wollt ech kee Risiko agoen. Bei der ZigBee Steckdous sinn ech mir sécher dass sech den Schaltzoustand net verännert wann den ZigBee Reseau sollt wechfueren.

Zweetens vergréissert sech mam Zouschalten vun ZigBee Steckdousen (aktiv Apparater) den Zigbee “Mesh Network”, d.h. d’Reichwait an d’Stabilitéit gëtt verbessert. ZigBee Steckdousen ginn dobäi als Zigbee Router behandelt, an erlaaben et das sech ZigBee Sensoren wéi z. bsp Xiaomi Aqara Beweegungs Melder dorop verbannen.

Wat nach?

Wichteg ass dass d’Steckdous fir 16A ausgeluecht ass. Verschidde (méi eeler) Modeller vun Wäschmaschinn / Trockner verbrauche mol gäeren vill Stroum. Dohier sollten déi 2 Maschinnen och ëmmer op 2 getrennte Sicherungen bedriwwe ginn.

Meng Wiel ass doropshin op Bitron AV 92010/25 gefall. Et gëtt se och nach ënner der Bezeechnung “Telekom Magenta Smart Home”

Verbannen mam ZigBee Reseau

D’Abannung an main ZigBee Reseau (via DeCONZ Stick) ass ouni Problem verlaaf.

Am Home Assistant gëtt en och direkt als Schalter (“Switch”) erkannt.

Fir den aktuellen Energie Verbrauch als ausléiser fir den Automatismus kënne benotzen, do musse mir fir d’éischt een “Template” Sensor uléeen:

sensor:
  trockner:
    value_template: '{{ states.sensor.consumption_trockner.attributes.power }}'
    unit_of_measurement: 'W'

Den Attribut “power” vum sensor.consumption_trockner (deen automatesch vum DECONZ ugeluecht gouf) enthält den aktuellen Energie verbrauch a Watt.

Am Home Assistant gesäit et dann sou aus:

Erkennungs-Logik

Iwwert een Template Sensor am Home Assistant gëtt jo elo den aktuellen Energie Verbrauch ausgelies.

Ass dee Wäert vum Sensor fir eng bestëmmten Zäit iwwert engem bestëmmte Wäert, gëtt een “input_boolean” helper aktivéiert. Domatt stelle mir fest dass d’Maschinn leeft.

Fällt elo de Wäert vun deem Sensor fir eng bestëmmten Zäit enner ee bestëmmte Wäert an ass den input_boolean helper aktiv, dann gëtt eng Notifikatioun vum Home Assistant aus verschéckt fir ze mellen dass d’Maschinn fäerdeg ass.

Als Automatioun gesait et sou aus:

- id: 'Trockner-aktiv'
  alias: Trockner leeft  - detect
  description: ''
  trigger:
  - above: '1000'
    entity_id: sensor.trockner
    for: 0:01:00
    platform: numeric_state
  condition:
  - condition: state
    entity_id: input_boolean.trockner_leeft
    state: 'off'
  action:
  - data: {}
    entity_id: input_boolean.trockner_leeft
    service: input_boolean.turn_on
  - data:
      message: Trockner leeft
    service: notify.hiscorebot
- id: 'Trockner-faerdeg'
  alias: Trockner fäerdeg
  description: ''
  trigger:
  - below: '170'
    entity_id: sensor.trockner
    for: 0:05:00
    platform: numeric_state
  condition:
  - condition: state
    entity_id: input_boolean.trockner_leeft
    state: 'on'
  action:
  - data: {}
    entity_id: input_boolean.trockner_leeft
    service: input_boolean.turn_off
  - data:
      message: Trockner fäerdeg
    service: notify.hiscorebot

D’Wäerter héi sin fir main trockner ugepasst (1000W als ausléiser fir d’Uschalten, an ënner 170W fir 5 Minutten wann e fäerdeg ass).

Wann alles klappt, schéckt den Home Assistant seng Notifikatioune propper eraus:

Méi ass et och schon net. Duerch dës kleng Hëllef gëtt den Alldag ëmmer e bëssi méi erliichtert. Elo brauch kee méi Onnëtz an de keller ze rennen fir ze kucken op d’Maschinn fäerdeg ass.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2020/07/waschmaschinn-trockner-iwwerwaachen-mat-notifikatioun-wann-se-faerdeg-sinn/

2 comments

2 pings

    • Marc on July 3, 2020 at 5:12 pm

    Do feelt nach eppes – je no der Organisatioun am Stot. Dass d’Maschinn fierdeg ass, heescht net, dass een se ausraumen soll. Et ka jo (zumindest bei eis) sinn, dass deen aneren se schon ausgeraumt huet. Dofir setzt en Xiaomi-Dierkontakt op der Dier vun der Maschinn, deen den ‘fierdeg’-Status zrecksetzt, wann d’Dier zanterhier opgemaach gouf 🙂

    1. Dat ass nawell eng gudd Iddi! Gëtt dann an der V2 ëmgesat 😉

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

%d bloggers like this: