Bindicator – LED Luucht als Visuelle Reminder fir Poubelle

Main Home Assistant schéckt mir ëmmer Notifikatiounen op den GSM wann Poubellen (Bio/Glas/Pabéier/Valorlux/Hausmüll) musse rausgestallt gi. Heiansdo kënnt et awer fir dass ech de GSM stonnelaang net kucken an dowéinst dës Notifikatioune verpassen.

Do hunn ech viru kuerzem vun engem Englänner gelies deen eng Luucht a Form vun enger Poubelle entwéckelt huet déi sech uschalt wann zu Manchester Poubelle kommen.

Poubelle vu Manchester interesséiere mech net allze vill, mee d’Iddi ass immens. Eng faarweg Luucht déi mir jee no Faarf uweist wéi eng Poubellen ech rausstelle soll:

  • Wäiss – Hausmüll (schwaarz Luucht ass leider ganz schwéier méiglech)
  • Blo – Pabeier
  • Gréng – Bio
  • Rout – Glas
  • Turquoise – Valorlux

Et ka firkommen dass op engem Dag 3 verschidde Poubelle kommen, dohier sollt de System dann all 1-2 Sekonnen déi entspriechend Faarwen uweisen.

Bindicator?

Et ass ee Wuertspill aus Bin (english fir Poubelle) an Indicator. E besteht aus engem D1 Mini (Wifi Kontroller mat ESP8266), engem Adafruit NeoPixel LED Ring an leeft mat der Open-Source WLED Firmware. Et kann een och eng RGB LED mat Widderstand benotzen…

Duerch WLED Firmware kann een iwwert Reseau d’Luucht steieren (Faarf, Effekter etc..), an einfach am Home Assistant dobäisetzen.

Am Home Assistant (dee jo scho weess wéini wéi eng Poubelle raus soll) hunn ech een neie Sensor erstallt deen all Dag de Status vun den eenzel Deeg ofgraast.

Je nodeem wéiee Wäert dëse Sensor huet schalt en déi Luucht einfach mat der entspriechender Faarf un, oder am Fall vu méi wéi enger Poubelle am Dag, start ee Skript deen d’Faarwe wiesselt.

Wann d’Poubelle dobausse si gëtt een Drock op ee Knäppchen duer fir dem Home Assistant Bescheed ze ginn, an da schalt en och d’Luucht rëm aus.

Op Thingiverse hat schonn een déi Iddi an huet een Design vun enger Poubelle gedeelt déi einfach mam 3D Printer ka hiergestallt gi.

Resultat

Säitdeem de Bindicator bei mir um Büro steet hunn ech keng Poubelle méi verpasst.

Ech hoffen dëse Post huet iech eng kleng Inspiratioun bruecht.

Vill Spaass beim nobauen!

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2021/04/bindicator-led-luucht-als-visuelle-reminder-fir-poubelle/

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

%d bloggers like this: