Xiaomi Aqara Vibratiounsensor Sensivitéit astellen

Heiheem wollt ech mol mossen wéi oft dass meng ReeWasser Pompel den Dag uspréngt. Dat wier dach een ideale Szenario fir den Xiaomi Aqara Vibratiounsensor deen ech nach iwwreg hunn. Dësen ZigBee Sensor mellt “Un” oder “Aus” je nodeem op de Sensor bewegt gëtt oder e Vibratioun entdeckt.

Lo ass et sou dass meng ReeWasser Pompel zwar vibréiert, mee net staark genuch fir dass de Sensor et erfaast.

An der Xiaomi Mi Home App kann en d’Sensivitéit astellen (low, normal oder high). Mee de Sensor ass bei mir (wéi all aaner ZigBee Apparat) un ee ConBeeII gekoppelt, sou dass nativ App’en vun den Hiersteller (an hier Cloud Verbindung) net funktionéieren.

An héi kënnt dann (rëm) den Home Assistant an d’Spill. Et kann een nämlech mat der DeCONZ Integratioun (vun ConBee) een Service Call mat Parameter un de Sensor schécken. Am Forum sinn ech iwwert dës elegant Léisung opmierksam ginn)

An den Home Assistant Entwécklungsgeschir (Developer Tools) -> Service

Service Type: deconz.configure

Donnéë:

entity: binary_sensor.vibration_pompel
field: '/config'
data:
  'sensitivity': 1
bridgeid: 00213F14351F

Natierlech musst dir hei äer Wäert asetzen, bei “entity” souwéi bei “bridgeid”

Service opruffen a schonn ass de Sensor wesentlech méi empfindlech.

Elo entdeckt de Sensor all Kéier wann d’Pompel uspréngt.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2020/04/xiaomi-aqara-vibratiounsensor-sensiviteit-astellen/

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

%d bloggers like this: