Back to the Future Auer mat Sound

Viru kuerzem sinn ech op Thingiverse.com op eng Back to the Future Auer gestouss:

https://www.thingiverse.com/thing:6144608

Vue que dass ech eng Virléift hunn fir Aueren ze bauen wollt ech déi heit onbedéngt nobauen.

Awer mat engem extra Challenge:

D’Auer vum “jeje linge” (den Auteur) nobauen, ouni säin Code ze benotzen, mee dat ganz mam ESPHome ze réaliséieren

Den original Code huet den Auteur och op Github gedeelt:

https://github.com/jejelinge/BTTF_LAMP_AND_CLOCK

Et huet e puer Wochen gedauert bis d’Elektronik Baudeeler ukomm sinn, de Printerchen seng Deeler gedréeckt huet.

Resultat vun e puer Wochen Trial & Error mam ESPHome

Nodeems se faerdeg war, ass mir folgend Iddi komm:

“Wier nawell Flott wann se och nach kéint Sound Clips vum Film ofspillen”

Schnell gekuckt wéi den ESPHome Sound kéint ofspillen, an och schnell ee Lautsprecher a Media Spiller mat SD Kaart bestallt.

Ech si nawell stolz op d’Endresultat:

De fäerdege Code mat Sound Clips steht op mengem Github:

https://github.com/hiscorebob/BTTF_LAMP_AND_CLOCK

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2023/10/back-to-the-future-auer-mat-sound/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.