LED Luuchten aus dem Action am Smart Home

Action huet vill interessant Gadgets, dorënner och verschidde LED Luuchten. An dësem Artikel gin 2 Action Luuchten mat der Firmware “WLED” équippéiert fir se dann am Home Assistant ze steieren.

Besonnesch 2 Luuchten aus dem Action hunn ech interessant fonnt, eng “Philips RGBIC Ambient Floor Light” (fir 19,99€ , leider fir Moment net méi am Action disponibel) , an een “Mirroir LED magique” (fir sensationnell 6,99€)

Allebéid si vum Wierk aus mat Standard RGB LED ausgestatt, sou dass et relativ einfach ass de matgeliiwerte Kontroller duerch een ESP mat der Firmware “WLED” z’ersetzen.

WLED

WLED ass de quasi standard fir Open-Source LED Kontroller. Dës Firmware leeft op engem ESP Mikro Kontroller an ënnerstëtzt eng Mutlitude vun LED’en a bidd niewt engem Web-Interface och nach API’en un fir se mat externe Systeme (z. bsp. Home Assistant) z’intégréieren.

Wéider Virdeeler sinn déi immens Auswiel un pré-définéierten Effekter, bis hin zur totaler Flexibilitéit fir personaliséiert Effekter z’erstellen.

Desweidere ënne méi WLED Kontroller sech ënnereneen synchroniséieren, sou dass eng Astellung (Faarf, Hellegkeet oder Effekt) direkt op den aneren Kontroller vum Gruppe auswierkt.

Infinite Mirror

De SPigel ass am einfachste ze veränneren, dëse gëtt iwwert USB (5V DC) Alimentéiert. Dat entsprëcht genau och der Betrib Spannung vun engem ESP kontroller

Type Schëld vum Infinite Mirror

Dohier einfach déi 5V vum USB ofgräifen, een Deel op LED duerschläifen, an den aneren op den ESP.

Data Pin ka fräigewielt gin, an duerno an der WLED SOftware ugepasst ginn.

WLED Astellungen

  • Unzuel LED: 46
  • Type WS281x
  • Faarw Uerder GRB

Resultat:

Philips Floor Lamp

Déi Philips Luucht gëtt mat 12V DC bedriwwen, dat bedéit dass fir d’éischt déi 12V op 5V erofgereegelt musse gin fir den ESP, soss dämpt et eng kéier an den ESP kann op de Schrott.

Type Schëld vun der Philips Floor Light.

Dofir benotzen ech gären WLED Kontroller vum Hiersteller “GLEDOPTO”. Do ass een ESP an eng Spannungs Reegleung an enger ABS Këscht fir ca 10€. Dëse funktionéiert mat engem Beräich vun 5V bis 24V.

WLED Astellungen:

  • Unzuel LED 46
  • Type WS281x
  • Faarw Uerder GRB

Duerno nach eng Halterung fir den GLEDOPTO Kontroller gedréeckt, an scho gesäit et wesentlech besser aus:

De neie Kontroller, montéiert um Fouss vun der Philips Luucht

Dësen Effekt kann ee net mam originale Kontroller ereeche:

Prett fir de 23. Juni!

Fazit

Duerch déi relativ verbreede LED vum Typ WS281x ass et relativ einfach a gënschteg solch LED Luuchten opzerüste fir eng einfach Steierung iwwert de Smartphone. Net ze vergiessen déi Tonnen un zousätzlechen Effekter!

Vill Spaas beim nobauen!

Ähnlech Artikel:

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2026/03/led-luuchten-aus-dem-action-am-smart-home/

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.