ESP Waasser Compteur Display benotzen

Am läschten Artikel hun ech verschidde Moduler getest fir den Sensus iPerl Waasser Compteur auszeliesen.

Déi bescht Wiel war de Lilygo T3 S3, dësen huet och ee (mini) OLED Display.

Dësen Display kann och benotzt ginn fir déi läscht empfaangen Donnéeë unzeweisen. Dofir musse lediglech e puer Zeilen am ESPHome Code beigesat ginn:

<code>#Schrëftart définéieren, dëse muss an engem Dossier "fonts" beim ESPHome Code (.yaml) stoen
font:
  - id: comic
    size: 16
    file: "fonts/comic.ttf"
i2c:
  sda: GPIO18
  scl: GPIO17
display:
  - platform: ssd1306_i2c
    model: "SSD1306 128x64"
    address: 0x3C
    lambda: |-
      it.printf(0, 0, id(comic),  "%.3f% m3", id(water_total_m3).state);
      it.printf(0, 22, id(comic),  "%s",id(timestamp).state.c_str());
      it.printf(0, 44, id(comic),  "Wifi:");
      it.printf(50, 44, id(comic),  "%.1f %%",id(wifisignal).state);</code>

Dëst weist folgend Informatiounen um Display un:

  • Waasserverbrauch insgesamt
  • Zäitpunkt vum läschten Empfang
  • Stäerkt vum Wifi Signal vum ESP Modul

De kompletten ESPHome Code ass hei ënnen drënner verlinkt:

Vill Spaass beim nobauen!

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2025/11/esp-waasser-compteur-display-benotzen/

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.