Sensus iPerl Waasser Compteur mat engem ESP ausliesen

Dat hei ass ee follow up zu engem aneren Artikel: Sensus iPerl Waasser Compteur am Smart Home

An dësem Artikel gëtt am Plaatz vun engem USB Radio Empfänger just een ESP32 mat engem klenge Modul benotzt fir Telegramm vum Waasser Compteur z’empfänken an un den Home Assistant wéider ze ginn.

Als Software kënnt ESPHome zum Asatz, mat engem “Custom Component” vun https://github.com/SzczepanLeon/esphome-components

Variante 1 – DIY ESP + CC1101 Modul

Plaakege CC1101 Modul

Dëst ass wahrscheinlech déi gënschtegst Methode, gebraucht gëtt just een ESP32 souwéi een CC1101 868 MHz Empfänger Modul.

No e bëssi Gepiddels fir déi 8 Kabelen drun ze léiden:

Dat war eng Plo fir ze léiden…

Well den CC1101 bis elo just vun der Versioun 4 vun der ESPHome Custom Component ënnerstëtzt gëtt, benéidegt dësen ee liicht aaneren ESPHome Code wéi déi aaner Variante.

Variante 2 – Komplett ESP32 Modul – Lilygo T3S3

Lilygo T3 S3, “out-of the box”

Vum Käschtepunkt liicht méi héich wéi DIY Variante, mee dofir brauch ee keng Mini Kabel ze verléiden. Nach ëmmer méi gënschteg wéi d’Variante mam USB Radio Empfänger.

Dëse Modul benotzt een aaneren Radio Empfänger, den SX1276.

Dëse kann och mat der aktueller ESPHome Custom Component an der Versioun 5 benotzt ginn

Variante 3 – Komplett ESP32 Modul – Heltec LoRa 32

Heltec LoRa 32 868 “out-of-the-box”

Iwwert Aliexpress hat ech nach een 3. Modul bestallt, wat laut Beschréiwung och een SX1276 Chip sollt hunn.

Leider kruut ech hei déi allerneiste Hardware Revisioun , déi mat engem SX1262 Chip dohierkënnt, dee leider (nach) net vun der ESPHome Custom Component ënnerstëtzt gëtt.

Aktuell nach kee Support fir SX1262 Chip

ESPHome ënnerstëtzt zwar den SX1276, mee benéidegt dann awer een externen WMBusmeters op engem Linux Host deen déi Telegrammen dann dékodéiert.

Aus dësem Gronnd hunn ech (bis elo) dës 3. Variante nach net wéider ausgebaut, mat den Varianten 1 an 2 gëtt et och schon gudd Alternaitven.

Iwwersiicht

VarianteKäschtepunktRemarque
ESP32 DIYESP32: ~ 10€
CC1101 Sensor: ~ 2 bis ~ 5€
Benéidegt Léidkolwen souwéi Verkabelung
Lilygo T3S3 (SX1276)~ 22€Funktionéiert quasi “out-of-the-box”
Heltec WiFi LoRa 32 (868MHz)~ 20 €Chip net supportéiert (oder iwwer Emweeër)

ESPHome Code

Héi si meng ESPHome Code falls een dës Compteur nobaue wëll:

DIY CC1101 Sensor am Home Assistant , mat bal 5 Deeg Uptime, Code ass also stabil.
Lilygo T3 S3 Sensor am Home Assistant

De Code fir de Lilygo T3 S3 baséiert zum gréissten Deel um Demo Code vun https://github.com/SzczepanLeon/esphome-components. Hu just gréisstendeels déi DEBUG Informatiounen erausgeholl, dat huet de Log zougespammt.

Fazit

Déi beschte Léisung ass définitiv déi Variante mam Lilygo T3 S3 Modul. Et kann ee souguer quasi den Demo ESPHome Code vun der Custom Component 1:1 iwwerhuelen.

Am direkte Verglach mam USB Radio Empfänge konnt ech och feststellen dass béid ESPHome Varianten Donnéeë vum Compteur a méi reegelméissegen Ofstänn empfaangen hunn.

Hei gesäit een eng Differenz vun 2 Stonne, wou den USB Empfänger kee Paak empfaang huet, mee déi 2 ESPHome awer. (Remarque: Den USB ass mat engem Offset vun 0.02 m³ gestart)

Oppasse gëlt et beim akafen, Moduler mam SX1262 si net recommandéiert, Moduler mam CC1101 an SX1276 funktionéieren einwandfrei.

Heltec SX1262 – Code kann keng Donnéeë auswäerten

Och beim bestellen vum Lilygo T3 S3 kann ee sech schnell ieren, et gëtt en och mat dem ominösen SX1262 fir den 868 MHz Frequenzberäich.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2025/11/sensus-iperl-waasser-compteur-mat-engem-esp-ausliesen/

1 comments

    • Patrick on November 3, 2025 at 8:50 pm
    • Reply

    Ah Mega. Ma dann kucken ech emol wou ech dat bestellen kann an dann testen ech dat emol aus. Mir hun jo den selwechten Wasser Compteur.
    Merci fir dei gudd Arbecht an den ausféiherlechen Bericht

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.