DIY Thread Mesh Extender / Router

Viru kuerzem hunn ech een Matter-over-Thread Router mat engem ESP32 erstallt, fir déi nei IKEA Matter Sensoren.

Dëse Router ass am Keller, an d’Signal ass net staark genuch fir iwwerall hi ze kommen. Do muss een oder méi Router dozwëschen fir den Thread Mesh Réseau auszebauen.

Natierlech kéint ee dofir entweder Thread Steckdousen oder Luuchte benotzen, mee fir de Moment hunn ech keng do, an och keen Asatz dofir.

Et gi 2 verschidde ESP32 Moduler déi ee fir den Thread benotze kann, den ESP32-C6 an den ESP32-H2. Den C6 fënnt ee fir ~ 6€ op Aliexpress.

ESP32-C6 (Source: https://www.espboards.dev/esp32/esp32-c6-devkitc-1/)

Dës ESP32 Moduler gi dann mat engem relativ einfachen ESPHome Code programméiert.

Dofir brauch ee just den “Dataset” vu sengem Thread Réseau.

Am Home Assistant fënnt een dësen ënner “Settings” -> “Devices & Services” -> “Thread“, an do op de klengen “(i)” klicken:

Den ESPHome Code ass relativ simpel:

<code>esphome:
  name: "thread-router-1"

esp32:
  board: esp32-c6-devkitm-1
  framework:
    type: esp-idf

network:
  enable_ipv6: true

# De String aus dem Home Assistant héihi kopéieren.
openthread:
  tlv: 0e080000000000010000000300000.......
</code>

Nodeems den ESP32-C6 programméiert ass, taucht en och am Web Interface vum Thread Border Router op. Ech hun 2 ESP32-C6 Moduler als Thread Router programméiert:

Web Interface vum OpenThread Border Router mat der Topologie vum Thread Réseau.

Elo just nach eng gudd Platz fanne fir déi 2 ESP32 -C6 Router, a kuerz drop kréien déi Ikea Sensoren sech och mam Thread Réseau verbonne, déi virdrun nach ze wäit ewech vum Border Router waren.

Mission accomplie!

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2026/01/diy-thread-mesh-extender-router/

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.