Besser Léisung fir Smarty auszeliesen

Et si scho mëttlerweil iwwert 6 Joer dass ech den Artikel “Smarty – Energie Verbrauch vum Haus an Echtzäit am Home Assistant” geschriwwen hunn.

Et erreeche mech haut nach vill Kommentare a Froe dozou.

Säitdeem ass vill Waaser d’Musel erofgefloss, an et huet sech vill verännert.

Perséinlech benotzen ech déi Léisung mam USB Kabel verbonnen op engem Raspberry Pi net méi.

Säit e puer Joer hun ech een “SlimmeLezer+” vum Marcel Zuidwijk am Gebrauch.

Dat ass een Gerät welcht direkt mam Smarty verbonne gëtt, an iwwert Wifi déi Verbrauchs Donnéeë wéiderschéckt

Dësen integréiert sech direkt mam Home Assistant, dank senger offener ESPHome Firmware. Et gëtt och eng Alternativ Firmware fir se mat aner Systemer ( z. bsp DMSR-Reader) direkt ze verbannen.

Alimentéiert gëtt dësen “SlimmeLezer+” direkt iwwert den P1 Port vum Smarty, et ass also keng extern Stroumversuergung néideg.

Dat bescht, mat 18€ ass et souguer bëssi méi gënschteg wéi d’Léisung mam USB Kabel. (an et brauch ee kee Raspberry Pi méi)

E wéideren, wichtegen Virdeel ass d’Integratioun vun enger Decrypt Funktioun fir ons héi a Lëtzebuerg. Do si jo déi Donnée per Smarty mat jeweils eegene Schlëssel verschlësselt. De Marcel huet dofir direkt eng Funktioun an senger Firmware agebaut, do entfällt dann eng wéider potentiell Feelerquelle.

Integratioun am Home Assistant:

Web Interface vun der Firmware:

De Marcel huet och nach een aaneren interessante Produit a sengem Webshop deen ech recommandéiere: “Smart Doorbell” (fir eng klassesch Schëll “smart” ze maachen)

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2025/09/besser-leisung-fir-smarty-auszeliesen/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.