Virun enger gudder Zäit kruute mir een Digitale Waasser Compteur vun der Gemeng installéiert. Dat ass een Sensus iPerl deen seng Donnéeë per Funk via Wireless M-Bus Protokoll verschéckt.
Leider sinn dës Donnéeë verschlësselt a benéidegen 1) ee Programm an 2) de Schlëssel fir Decryptioun vun den Donnéeë.
Per Zoufall sinn ech an engem Kommentar zu engem Issue tracker vun engem ESPHome Component op de Schlëssel gestouss. Et stellt sech raus dass eventuell all Sensus iPerl Compteur deselwechte Schlëssel benotzt.
Dësen Artikel beschréift wéi een Sensus iPerl Waasser Compteur am Home Assistant integréiere kann.
Opgepasst: De Compteur verschéckt seng Wäerter (Telegramm) an zimlech onreegelméissegen Ofstänn. Dat kann all 1,2 oder bis zu all 4 Stonne sinn. Dohier och eng gudd Portioun Gedold matbréngen.
Et versteet sech vum selwen dass aus dësem Gronn d’Wäerter weder d’Echtäit représentéiere könne, nach eng Waasser Fuite opdecke könne.
Benéidegt Hardware
Den Inhalt vun dësem Artikel ass mat engem USB CC1101 Empfänger erstallt ginn:

USB CC1101 868MHz Empfänger
https://shop.busware.de/product_info.php/products_id/29
Denkt drun fir eng Antenne mat ze bestellen!
Op dësem Adapter hunn ech eng Custom Firmware installéiert: http://culfw.de/culfw.html
Dëse nächste USB Adapter sollt och “Out-of-theBox” funktionéieren:
Dësen hunn ech awer perséinlech selwer net getest, kann dohier net garantéieren dass et funktionéiert.
Software
- Linux System , z.bsp. een Raspberry Pi
- wmbusmeters (https://github.com/wmbusmeters/wmbusmeters)
- Decryption Key: E6C88800DEB868C0D6A84880CE982840
- MQTT Broker
Installation vun wmbusmeters
D’Installatioun ass um Github dokumentéiert. Resüméiert:
git clone cd ./configure make sudo make install
Konfiguratioun erausfannen
wmbusmeters benéidegt e puer Informatioune fir d’Konfiguratioun:
- MeterID
- Device
- Driver
- Key fir d’Entschlësselung
Dé fanne mir mat follgender Commande:
wmbusmeters auto:t1
Elo heescht et ofwaarden bis de Compteur ee Wäert (Telegramm) verschéckt.
Hei gesi mir follgend Informatioune:

Hei gesi mir och bei “type:” , dass d’Kommunikation verschlësselt (encrypted) ass, an onbedéngt de Schlëssel an der Konfiguratioun muss agedroe ginn.
A Part vun der “MeterID” sollt zumindest mol den Driver fir all Sensus iPerl Compteur identesch sinn. “Device” hänkt vum USB Empfänger of, a mengem Fall ass et een “cul”
MeterID steet och um Compteur selwer:

Dës mussen elo just nach an der WMBusMeters Conf agedroe ginn:
/etc/wmbusmeters.conf:
<code>loglevel=normal # Remember to change auto here to the device you are going to use in production. device=cul:t1 logfile=/var/log/wmbusmeters/wmbusmeters.log # Set to true to capture all received telegrams in log file. logtelegrams=true format=json # Enable the meterfiles to write telegrams to disk. meterfiles=/var/lib/wmbusmeters/meter_readings meterfilesaction=overwrite meterfilesnaming=name meterfilestimestamp=day # Enable execution of a shell command for each received telegram. For example: curl or mqtt shell=/usr/bin/mosquitto_pub -h [IP vum MQTT]-u user -P password -r -t wmbusmeters/$METER_ID -m "$METER_JSON"</code>
An dësem Beispill gëtt de Compteur Stand och per MQTT wéidergeschéckt, dat an den Topic “wmbusmeters/<numm vum compteur>
Zousaẗzlech nach eng separate Konfiguratioun fir onsen Compteur erstellen:
/etc/wmbusmeters.d/<numm vum compteur>
<code>name=Doheem id=40031234 key=E6C88800DEB868C0D6A84880CE982840 driver=iperl</code>
Hei gëtt dann och den Decryption Key gesat, ouni dëse funktionéiert et net mat mengem compteur.
Service aktivéieren
No der Installatioun vum WMBusMeters ass de Service nach net aktiv.
Service beim Systemstart aktivéieren:
systemctl enable wmbusmeters
Service elo mol manuell starten:
systemctl start wmbusmeters
Elo sollt de Service aktiv sinn:
systemctl status wmbusmeters
Output:
systemctl status wmbusmeters
● wmbusmeters.service - "wmbusmeters service"
Loaded: loaded (/lib/systemd/system/wmbusmeters.service; enabled; vendor preset: enabled)
Active: active (running) since Sat 2025-10-18 18:00:03 CEST; 3 days ago
Docs: https://github.com/wmbusmeters/wmbusmeters
man:wmbusmeters(1)
Main PID: 3416950 (wmbusmetersd)
Tasks: 3 (limit: 9285)
Memory: 3.8M
CPU: 7min 13.128s
CGroup: /system.slice/wmbusmeters.service
└─3416950 /usr/sbin/wmbusmetersd /run/wmbusmeters/wmbusmeters.pid
Oct 18 18:00:03 lenny systemd[1]: Starting "wmbusmeters service"...
Oct 18 18:00:03 lenny wmbusmetersd[3416949]: (wmbusmeters) started /run/wmbusmeters/wmbusmeters.pid
Oct 18 18:00:03 lenny systemd[1]: Started "wmbusmeters service".
No enger gudder Zäitchen sollt am Log Telegram Noriichten optauchen:
tail -f /var/log/wmbusmeters/wmbusmeters.log

Dat gesäit jo mol villverspreichend aus, et kommen mol Telegrammen un.
Donnéeë validéieren
Um Site wmbusmeters.org kann een den Telegramm an ee liesbaren Text ëmwandelen:

Bingo! Donnéeë stëmme mam installéierten Waasser Compteur iwwereneen.
Home Assistant Integratioun
Sensor erstellen
Donnéeë vum Compteur ginn iwwert den MQTT alimentéiert, also gëtt follgenden Sensor an der “configuration.yaml” définéiert.
mqtt:
sensor:
- name: "Waassercompteur"
unique_id: "watermeter"
state_topic: "wmbusmeters/<numm vum compteur>"
value_template: "{{value_json.total_m3 | round (2)}}"
unit_of_measurement: m³
state_class: total_increasing
device_class: water
json_attributes_topic: "wmbusmeters/40037854"
json_attributes_template: "{{ value_json | tojson }}"
Dëst erstellt ee Sensor am Home Assistant mam numm “sensor.wassercompteur”. Dëse Sensor kann benotzt ginn fir een “utilisty Meter” Helper z’erstellen welchen den Deeglechen Waasser Verbrauch ermëttelt.
Am Dashboard uweisen
Beispill vun nëtzlechen Informatiounen am Home Assistant Dashboard:

ESPHome
Déi ganz Prozedur ass nach e bëssi schwéierfälleg, besonnesch den Uschafungs Präis vum 868MHz Empfänger vun iwwer 60€ ass net ohne.
Dohier schaffen ech fir de Moment un enger anerer Léisung mat engem ESP32 an een CC1101 Empfänger Modul mat SPI Bus. Denken dat sollt fir wesentlech manner Geld an Opwand machbar sin.
Stay tuned!

Rezent Kommentare