DIY OpenThread Border Router fir nei IKEA Matter Sensoren

Mir waren viru kuerzem an den IKEA, an do hunn ech mir e puer vun hieren Matter Smart Home Sensore matgeholl. Bis dohinn hat ech schon e puer Matter Geräter am Asatz, awer leider nëmme “Matter-over-Wifi” Geräter.

Déi nei IKEA Sensoren erfuederen awer een “Matter-over-Thread”. ” Kee Problem” duecht ech, ech hu jo ee Google Nest Hun deen Thread ënnerstëtzt. Wäit gefeelt, dësen ass ze al a ka näischt mat Thread ufänken.

Ee neien Thread Gateway muss also hier. Entweder dee vun Ikea (Dirigera), een Aqara M200 oder Aqara M3. Awer déi fänke bei 50€ un. “Dat muss jo méi bëllech goen” seet mir mäin interne Knéckjang.

Eng kuerz Sich am Internet verweist op een Produit vun Espressif, dem Hiersteller vun den ESP Mikro Kontroller.

Hieren “ESP Thread Border Router” ass eng Kombi aus engem ESP32-S3 souwéi ESP32-H2 a kascht bei Aliexpress knapps iwwer 10€.

Espressif Thread Border Router Main Board (Source: aliexpress.com)

Als Firmware kënnt OpenThread drop, déi hu souguer eng Anleitung déi een 1:1 befollege kann. Just d’Optioun “start Web Server automatically” hunn ech missen aktivéieren, fir dass d’REST API Interface automatesch mat start. Dës REST API gëtt vu mengem Matter Kontroller (= Home Assistant) benotzt.

Integratioun am Home Assistant

Nodeems séchergestallt ass dass den Web Interface vum OpenThread start, klappt d’Integratioun am Home Assistant ouni Problem.

OpenThread Web Interface

Einfach am Home Assistant ënnert “Settings” -> “Devices and Services” -> “Add Integration” -> “OpenThread Border Router” bäisetzen:

Installatioun vun der Home Assistant OpenThread Border Router Integratioun

Falls net automatesch mat installéiert, muss och nach d’Integratioun “Thread” mat installéiert ginn, do kann ee iwwerpréifen op den Thread Border Router aktiv ass:

OpenThread Border Router am Home Assistant erkannt.

Déi 1t Versich fir Matter Sensoren bäizesetzen hu net funktionéiert. Meldung “KeenThread Border Router fonnt”

Net grad déi erhoffte Meldung…

Ikea Matter Sensoren beisetzen & Troubleshooting Tips.

Dobai ware mir folgend Feeler bei der mise en service passéiert:

  • Thread benéidegt IPv6

Ech hat den IPv6 am Home Assistant sengen Interface dé-aktivéiert:

“Settings” -> “System” -> “Network”

IPv6 muss aktivéiert sinn
  • Border Router a Matter Kontroller am selwechte Subnet / VLAN

Ugangs ware déi 2 Komponente a getrennte VLAN, Thread benéidegt och mDNS Funktionalitéite, wat bei mengem Setup net de Fall war.

  • Matter Credentials an der Home Assistant Companion App net synchroniséiert.

Dat war e bëssi verstoppt, do muss een an der Home Assistant Companion App um Smartphone an d’Rubrique “Settings” -> “Companion App” -> “Troubleshooting” -> “Sync. Thread Credentials”

Wichtege Punkt dee wéineg erwähnt gëtt…

Nodeems dës Punkte geklärt waren huet mäin Smartphone och den Thread Border Router als solchen erkannt:

Elo konnt ech déi Ikea Sensoren iwwert Home Assistant App bäisetzen, an tauchen och am Home Assistant op:

Zum Schluss nach een Gehais aus dem 3D-Printer, an de Projet “Matter-over-Thread” ass ofgeschloss.

Nächste Schrëtt an dësem Projet ass den Thread Réseau auszebauen, fir de Moment ass d’Reechwäit net genuch fir all Beräich ofzedecken.

Spoiler: Dat gëtt och mat engem einfachen ESP réaliséiert.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2026/01/diy-openthread-border-router-fir-nei-ikea-matter-sensoren/

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.